|
Administration communale
News
Policy
Administration
Education
Tips
Formulars
Journal
Règlements communaux
Clubs
Municipal statistics
Bourscheid castle
The castle
The Friends of the Castle
Opening hours
Admission prices
Informations
Location
Pictures
History
Livres et Publications
Shop
Tourism
The villages
Bourscheid
Bourscheid Moulin
Bourscheid Plage
Dirbach
Goebelsmühle
Kehmen
Lipperscheid
Michelau
Scheidel
Schlindermanderscheid
Welscheid
How to find us
|
Service d'Incendie
Informatiounen iwwer Feierlöscher an Rauchmelder
Wéi Dir sécher scho wësst, hunn d’Pompjeescorps’ren aus der Gemeng Buurschent fusionnéiert. Dat heescht, datt mir elo just nach ee Comité hunn an aus véier Sektiounen bestinn: Buurschent, Kehmen-Scheedel, Schlënnermanescht a Welschent. Duerch d’Fusioun ass et méiglech, eis besser op eis Aufgabe virzebereeden an op der Plaz mi efficace ze schaffen. Desweideren stellt d’Fusioun ee Virdeel duer wat eng optimal Materialbeschafung a Verhandelunge mat den Autoritéiten ugeet. D’Infrastrukture vun den eenzelne Sektioune bleiwe bestoen; doduerch si mir nach ëmmer grad esou no bei Iech a wärte séier bei engem Asaz op der Plaz sin. An eisem grousse Corps gëtt och vill Wärt op d’Jugendpompjeeën geluegt. Do wëlle mir Kanner vun 8 Joer un a komerodschaftlecher a spillerecher Atmosphär fir d’Engagement bei de Pompjeeën begeeschteren. Si léieren nieft dem Ëmgang mam Pompjeesmaterial verantwortungsbewosst Handelen an dat richtegt Verhale vis-à-vis vu Geforen. Wann Dir oder Äer Kanner interesséiert sidd, Äere Matbierger an Nout ze hëllefen, Feier ze läschen, 1. Hëllef ze leeschten an dofir eisem Pompjeescorps bäizetrieden, da meelt Eech w.e.gl. bei eisem Kommandant, dem Här AGNES Marcel ënnert der Nummer 99 06 63. Den neie Comité setzt sech folgendermoossen zesummen:
Mat frëndleche Gréiss, Äer Pompjeeën aus der Gemeng Buurschent
|