Commune

Contact

1, Schlasswee                 L-9140 Bourscheid

Tél. +352 99 03 57 - 1    Fax. +352 99 03 57 - 575

Communiqué

D ‘Gemeng Buurschent seet ee grousse Merci un alleguer déi vill Pompjeeën a Fräiwëlleger aus dem ganze Land fir hiren exemplareschen Asaz beim Bëschbrand zu Schlënnermanescht.
Dank der gudder Organisatioun a Koordinatioun vum Brandasaz, konnt eng Katastroph verhënnert ginn.
Eise Respekt gëllt alleguer deene ville Fräiwëlleger déi de ganze Nomëtteg an der batterer Hëtzt géint d ‘Feier gekämpft hunn a während der Nuecht opgepasst hunn datt de Brand ënnert Kontroll blouf.
Och deene Leit, déi haut nach op der Plaz sinn an déi während all denen Deeg fir d’Verpflegung gesuergt hunn, gëllt eise Merci.
Bravo un de CGDIS, un d’Asazleedung, un d’Police an un all déi Baueren a Privatleit déi d ‘Pompjeeën bei hirer schwiereger Aufgab ënnerstëtzt hunn.
 
Merci
D’Gemeng Buurschent

Actualités

Événements