Evénement

Autofräien Sauerdall

Date de création
-
Catégorie
Ierpeldeng-Sauer - Méchela
Téléphone

Dëst Joer gëtt den Autofräien Sauerdall organiséiert vun den Gemengen Ierpeldeng-Sauer an Buurschent, mat der Ënnerstëtzung vun de Jugend-, Sports- a Kulturkommissiounen an dem ORT Éislek, sous le haut patronage du Ministère de l’Economie, Direction générale du tourisme.

Start ass beim Schlass zu Ierpeldeng-Sauer. Vun hei aus ass d’Strooss bis op Méchela fir all motoriséiert Gefierer gespaart. Déi 8,5 km laang Streck ass ouni Steigung eng ideal Streck fir d’ganz Famill.

Ënnerwee, erwaarden Iech vill Animatiounen, wéi Cycles Comiques Olm, Sprangschlass, Päerdskutsch, Ponyreiden, Musek a.v.m. Natierlech ass och fir d‘Iessen an d‘Gedrénks beschtens gesuergt.
Et gëllt an alle Fäll de “Code de la Route” ze respektéieren.

 Éditeur de contenu