Actualité

Avis Akeef

Commune de

Bourscheid

 

Matdeelung

 

An dësen aussergewéinlechen Zaiten informéiert d'Gemeng Buurschent all seng Awunner ab 65 Joer, Awunner, déi méi eng ufälleg Gesondheet hunn an Awunner, déi sech zurzäit à Quarantaine befannen, dass Mataarbechter vun der Gemeng a Fräiwëlleger sech em hir Akeef vun Liewensmëttel, Hygièneartikelen a Medikamenter (just mat Ordonnance) kënnen këmmeren.

Préparéiert dofir är Akaafslëscht a gitt se telefonesch duerch op der Nummer 99 03 57 – 1.

Dir kritt dann alles heem geliwwert. D'Gemeng schéckt lech duerno eng Rechnung fir déi Akeef. Eis Mataarbechter kënnen sech mat engem Badge ausweisen, an huelen zu kengem Zaitpunkt Boergeld un.

An deem Kontext wëlle mir betounen dass mir just mam Cactus zesummeschaffen.

De Schäfferot


 

(version PDF)